Dem Bier Hugo seng Abenteuer

De Bier Hugo huet sech op senger Paradisinsel Tonga immens gelangweilt. Hie wollt eppes ganz Neies a Ongewéinleches erliewen. Also huet en décidéiert fir d’Insel ze verloossen. Hien as an d’Reesagence vun der Insel gaangen an huet e Koup Broschure gefrot. Hien huet d’Kataloge genau studéiert. An dunn huet e senger Famill ugekënnegt: „Ech resen an Europa a meng éischt Statioun as Finland.“

Kuurz drop wor Zäit fir ze fueren. Dem Hugo seng Patten hu geziddert, wéi en an de Fligher geklomm as. Mee d’Zäit am Fligher as huerteg vergaangen an um Flughafen Vantaa zu Helsinki huet den Hugo finnische Bueden betrat. Am Hotek Sotos huet en sech en Zëmmer fir eng Nuecht geholl an as fréi an d’Bett gaangen.Well de nächsten Daag hat hie vill Wëlles a vill ze kucken. Hien huet déif a fest geschlof a vu spektakulären Abenteuer gedreemt.

Moies, nom Kaffi, as den Hugo an den Zentrum vun Helsinki gaangen. Hie wor iwwerrascht wéi grouss Helsinki wor. Hien hat ëmer geduecht, Finland wär e klengt Land wou et ëmmer kal wier.“Nee, iwwerhaapt nët“, sot eng Stëmm hannert him.Den Hugo as erféiert.“We bas du dann?“, huet e gefrot. „Ech heesche Rex“, sot d’Stëmm.Si huet zu engem grouesse Struppichen Hond gehéiert. „Du hues haart geduecht“,sot de Rex a huet gelaacht. „Ech mierken“, sot den Hugo. „Weess du eng Plaatz, wou een sech e bësse ëmkucke kann?,“ huet den Hugo gefrot. „Hmmm, wann s du mech gewärde léiss, da kann ech dir....“- „Ma sécher“, huet den Hugo geruff,“da komm mir gin!“

„Cool“, huet den Hugo geruff wéi hien d’Kirmesspiller vun der Kirmes Linnanmäki gesin huet. Di Zwee hun all Spiller mindestens zweemol getest an d’Zäit as terribel séier ëmgaangen, wéi dat ëmmer ass, wann een sech gud amüséiert. Di zwee Kollegen hun sech Äddi gesot an sech fir den näxten Dag erëm Rendez-vous gin. Knapps hat den Hugo d’Hotelsdir hannert sech zougemaacht, dunn as en an d’Bett gefall an direkt ageschlof. Moies kouj de Rex an den Hotel fir den Hugo ofzehuelen. Si sin zesummen op d’Plage getrëppelt. Den Hugo huet sech gewonnert: „Hei as et wonnerschéin,“ – „Tommel dech,“ sot de Rex,“ d’Fähr fir op d’Insel, fiert gläich“. Di zwee sin op d’Schëff gaangen a mat op d’Insel Suomenlinna gefuer.

Op der Insel hun se sech an der Festung ëmgekuckt. DenHugo wor voll beandrockt. An di antik Kanounen, déi iwwerall op der Insel stin, haten him et besonnesch ugedoën. De Rex huet him vill iwwert d’Geschicht vun der Insel a vun der Festung erzielt. Den Hugo huet sech fir alles interesséiert a wollt guer nët méi fortgoë vun der Insel. „Muss mir schons fueren?,“ huet e gefrot, wéi de Rex sot, dat di lescht Fähr gläich fueren géng. Den Hugo as zefridden an den Hotel zréckgaangen.

Den aneren Dag as de Rex mam Hugo op d’Gare matgaangen. Et wor Zäit fir den Hugo fir weider an de Norde vu Finland ze fueren. Den Hugo soutz laang am Zuch, well et as e wäide Wee fir durch ganz Finland an de Norden ze fueren. Hie wollt op Rovaniemi kommen. Den Hugo wor zimlech iwwerrascht ze gesin, wéi hei am Norden d’Landschaft ganz anescht as, wéi am Süde vu Finland.

Hie wosst virdru nëmme, dat et a Lappland Bierger géif gin. Hien huet Schellbiere geschmaacht, mee si woren him vill ze schaarf. Vum Nordlicht, dat owes um Himmel geglënnert huet, wor den Hugo ganz faszinéiert. Awer geschwë wor schons Zäit fir fort ze fléien aus Finland. Also as den Hugo op de Flughafen Oulo gaangen. Hie wor schions e bësen traureg, mee wéi en an de Fligher geklomm as, huet en sech schons op nei Abenteuer an denen anere Länner gefret.

geschriwwe vum
Emma Harju – 11 Jahre
Finnland

Send your comments to the story:

die Seite wurde übersetzt von / translated by

patrick arendt

page created by patrick arendt
updated: 6/05/04
See the pictures