Velostour 2003
updated: 10/07/03

D'5. Schouljoër (Neys an Arendt) an d'6. Schouljoër (Kass) hu vum 25. - 27. Juni 2003 e Velostour duurch eis Land gemaacht.

Mir sin den 1. Dag vu Schuller iwwert d'Attertpist op Ettelbréck gefuer. Do hu mir an derJugendherberg geschlof. Emmerwee hu mir de Staudamm vu Stengefort besicht, sin duurch den Tunnel vu Noerde gefuer an hun zu Useldeng op der Wiss Rugby a Baseball gespillt.

Den 2. Dag goung eis Rees mam Velo laanscht d'Sauer an d'Our op Veianen, wou mir d'Buerg besicht hun an eng Glace giess hun. Owes si mir erëm zréck op Ettelbréck gefuer.

Den 3. Dag si mir vun Ettelbréck op Iechternach beide Séi gefuer, wou d'Elteren d'Kanner an d'Veloën ofgeholl hun. Well mir vill ze fréi zu Iechternach wore, si mer nach bis Stönëm weidergefuer.

All Dag gouf ëmmerwee op enger Wiss oder Spillplaatz picknickt.

Am Ganze wor den Tour 165 km wäit. Et goung bal nëmmen iwwert Veloswéër.

50 Kanner an 12-15 Begleter si mattgefuer. Eis Gepäck gouf an d'Jugendherberg geliwwert. Mir haten och ëmmer en Auto an der Géigend, den eise Pique-nique transportéiert huet a fir Noutfäll beret gewiescht wär.

D'Regelen wore ganz strict: Mir hun 3 Deg laang diselwecht Reihenfollech agehalen an Iwwerhuele wor streng verbueden.

Mir haten eng Rei Chuten, di méi oder manner spektakulär woren, mee et as näischt Schlëmmes passéiert.

D'Kanner hun sech op dem Velo an an der Jugendherberg exemplaresch beholl!

E grousse Merci un di vill Leit, di eis gehollef hun an ouni déi esou eng Organisatioun nët méiglech wier.

Patrick Arendt

 

Kommentaren: