D'Abenteur
vum Bier Hugo Kapitel zwe |
|||||||||||||
Den Hugo as um Flughafen vun Halle-Leipzig gelandt. An der Hal
vum Flughafen huet hien e klenge Bier openger Valis gesi sëtzen."Hallo,
wéi heeschst du? Bas du Famill mat mir?,"huet den Hugo gefrot. Um Chrëscht maart huet et gudd gericht na Hunneg a Liefkuch.Den Hugo hat groussen Honger.Oop engem Stand huet en sech e Glas Hunneg geholl an ugefaang z'iessen. De Verkefer huet gejaut:"Déif, Déif, hat di Bieren un!" den Hugo an denUmi si schnell fortgelaf a ebemol stung e grousse Mann met engem roude Mantel an engem wäisse Baart virun hinnen. De Kleeschen huet gebrummt:"Stopp!"
D'Biere si séier ënnert e Chrëschtbeemche geklommen.
Den Hugo huet gestaunt :"Wuesse bei iech Beem mat Kugelen a Liichtercher?" "Mir klauen dach nëtt.Mir wollten dach nèemmen iessen",sot den Hugo."A firwat bezuelt dir da net?",huet de Kleesche gefrot. "Wat as dat dann: bezuelen?",huet den Hugo gestaunt .De Kleeschen huet misse ganz haart laachen.Dunn huet en de Bieren vill Mënzen a Schäiner gewisen. "Kuckt mol, hei,dat as den EURO. Mat dësem Geld kann een an 12 europäische Länner bezuelen.Elo kafen ech iech emol den Hunneg."Den Huga an den Umi hu merci gesot an sech op de Wee op d'Gar genmaacht. Do huet den Umi Äddi gesot a sech op de Wee op Haldensleben gemaacht. En huet dem Hugo geroden onbedengt Berlin an den Harz ze besichtigen. Wi den Hugo op Berlin koum, gouf en härzlech begréisst.Alles wor esou grouss an onbekannt. En huet sech op eng Bänk gesat.Op emol huet e gemiert, dat eng grouss Tatz hien beréiert huet. Et war deBerliner Bär. Hie sot: "Ech wëll dir Berlin weisen."
Fir d'éischt sin se bei de Reichstag
gaangen. Am Reichstag wor grad de Bundestag, mee op der Regierungsbank
souss leider nët de Bundeskanzler Schröder, well dee war mächtig
um Regéieren. De Bier huet dem Hugo erklärt. dat e
de Fernsehturm wär, den as
méi wi 300 Meter héich. Sie si mam Lift ganz uewen op d'Aussichtsplattform
vum Tuurm gefuer .Am Bistrot hun se e waarme Choky gedronk an en décke
BERLINER giess, dee mat Gebeess gefëllt wor.Well d'Plattform sech
gedréint huet, hun se villl vu Berlin gesin an haten eng formidabel
Vue. Si hu bal gemengt Berlin géng huinnen zu Féiss leien. Owes warendi zwee esou midd, dass se gläich an hirem Hotelsbett ageschlof sin. De nächsten Dag waren sie ausgerout a si mam Zuch an den Harz gefuer. D'éischt Ziel war d'Stad Wernigerode. D'Stad wor wonnerschéin, mat ville klengen a groussen Fachwerkhaiser. Ebemol as den Hugo erféiert. Eng kleng faarweg Hex mat engem kromme Réck, enger riesech laanger Nues an engem Biesem tëschent de Been stoung virun hinnen. D' Hex huet Walpurga geheescht. Well si et gudd mat hinnen gemengt huet, huet den Hugo dierften op hire Biesem klammen a duurch d'Luucht fléien. Si sin iwwert Wernigerode geflunn an si hu gemengt sie wären an engem Spillbuttek. Et war méi flott um Biesen ze fléie wi am Fligher. Kuurz drop sin di zwee um Brocken geland, dat as deen héchste Bierg an Sachsen- Anhalt.Uewen huet de Wand hinne kräfteg ëm d'Nues gepaff. D'Wieder wor kloër an den Hugo konnt bis op Magdeburg kucken. No so vill Erliefnisser huet en Honger kritt.
translated by patrick arendt |
|||||||||||||
updated: 28/04/04 | |||||||||||||
translation of the story: |
|||||||||||||
page created by patrick arendt | |||||||||||||
Send your comments to the story: |
|||||||||||||